Dir sicht qualifizéiert, motivéiert Jonker fir Äre Betrib?

Hëlleft déi nächst Generatioun vun Expert:inne mat opzebauen – direkt an Ärem Betrib.

Eng Beruffsausbildung schaaft net nëmme Chancë fir Jonker – Eng Ausbildung fërdert Ären Image, stäerkt d’Dynamik an der Equipe a suergt dofir internen Know-how laangfristeg am Betrib ze halen.

Klickt Iech duerch dës Websäit a fannt alleguer d’Informatiounen, déi Dir braucht, fir selwer Ausbildungsbetrib ze ginn!

FAQs – Betriber

Dir sidd ee Betrib a sidd interesséiert eng Beruffsausbildung unzebidden?
Da klickt Iech duerch eis FAQ!
Firwat Léierjongen a -meedercher ausbilden?
Fir Iech als Patron bedeit d’Ausbildung vu Léierjongen a -meedercher:

  • e Bäitrag zu der Insertioun vun de jonke Generatiounen an d’Beruffswelt ze leeschten;
  • de Fortbestand vun Ärem Aktivitéitssecteur sécherzestellen;
  • der nationaler Wirtschaft eng qualifizéiert Main d’œuvre ze garantéieren;
  • d’berufflecht Fachwëssen an den Knowhow vun Ärem Betrib weiderzeginn;
  • en zukünftege qualifizéierte Mataarbechter op déi individuell Besoine vun Ärem Betrib virzebereeden;
  • vun de finanziellen a steierleche Virdeeler am Kader vun der Ausbildung vun neie Mataarbechter ze profitéieren.
Wien huet d’Recht, Léierjongen a -meedercher auszebilden?

Grondsätzlech kann all Betrib Apprentien ausbilden, deen an deem gefroote Beruf legal etabléiert ass an déi néideg Critèren erfëllt.

Wichteg ass et och dass de Betrib dem Apprenti een gëeegent Aarbechtsfeld bitt fir seng Ausbildung an Méiglechkeet huet em déi virgeschriwwe Kompetenzen ze vermëttelen.

All Entreprise Formatrice muss minimum ee qualifizéierten Tuteur hunn, dee fir den Encadrement an d’Ausbildung vum Apprenti zoustänneg ass. Dësen Tuteur begleet säin Apprenti wärend senger ganzer Ausbildung.

D’Ausbildungsrecht, also de sougenannten Droit de former, kënnt Dir bei Ärer zoustänneger Chambre patronale ufroen, déi iech och gäre bei den néidegen Demarchen ënnerstëtzt.

Schéckt hinnen Är Demande a gitt dobäi d’Handwierk oder de Beruff un, an deenen Dir Léierjongen oder -meedercher ausbilde wëllt:

Wéi vill Zäit verbréngt de Léierjong/d’Léiermeedchen a mengem Betrib?

Wéi vill Zäit ee Léierjong oder Léiermeedchen eigentlech am Betrib verbréngt  hänkt vum Beruff a vun der Formatioun of. Beim CCP ass de Léierjong oder d’Léiermeedchen tëscht 3 a 4 Deeg d’Woch beim Patron am Betrib. Am Fall vun engem DAP oder DT sinn et 2 bis 4 Deeg d’Woch. Fir verschidde Beruffer ass den Apprenti e puer Wochen um Stéck am Betrib an dono e puer Wochen um Stéck an der Schoul.

Är Beruffskummer steet Iech och fir all weider Froen zur Verfügung.

Wéi eng Aufgabe kann ech mengem Léierjong oder -meedche ginn?

D’Aufgaben a Kompetenzen, déi Dir Ärem Léierjong oder -meedchen iwwerdroe kënnt, sinn am Planning des compétences patronales festgehalen an evoluéieren all Semester.

Är Chambre professionelle steet Iech och fir all weider Froen zur Verfügung.

Wien definéiert d’Aufgaben déi ech engem Apprenti ka ginn?

De Programm vun all Formatioun, gëtt vun esou genannten équipes curriculaires entwéckelt. Dës Equipes curriculaires bestinn aus Patronen, vun deenen vill selwer ausbilden, aus Salariéeën, déi am Beruff schaffen, an aus Enseignanten. Zesumme leeën si fest wat ee Léierjong oder Léiermeedchen zu wéi engem Moment muss gewisen kréien an soll am Betrib üben. Duerch dës tripartite Approche gëtt sécher gestallt, dass eng Beruffsausbildung ëmmer den aktuelle Besoine vun den Entreprisen gerecht gëtt an déi neisten Techniken an Technologië couvréiert.

Wann Dir als Entreprise oder als Salarié Loscht hutt an enger équipe curriculaire matzeschaffen, da mellt Iech bei Ärer Chambre patronale, respektiv bei der Chambre des Salariés.

Gëtt een als Ausbildungsbetrib finanziell ënnerstëtzt?

De Staat proposéiert eng Rei finanziell Instrumenter fir deene Betriber zur Säit ze stoen, déi ausbilden.

Dir hutt Usproch op déi follgend staatlech Bäihëllefen:

  • 100 % vun de Cotisatioune vum Patron fir all Léierjong oder -meedchen (Part patronale);
  • 40 % vun der Léierindemnitéit am Fall vun enger CCP-Ausbildung;
  • 27 % vun der Léierindemnitéit am Fall vun enger DAP- oder enger DT-Ausbildung.

De Remboursement vun de staatlechen Hëllefen fënnt eemol d’Joer réckwierkend statt iwwert de Service aides financières pour employeurs vun der ADEM. De Formulaire fir de Remboursement fannt Dir um Internetsite vun der ADEM.

Ass eppes anescht wann ech een Erwuessenen am Kader vun engem Apprentissage pour adultes ausbilden?

Wann een en Erwuessenen no de Critèrë vum Apprentissage pour adultes ausbilt, kritt dësen vu sengem Patron den onqualifizéierte Mindestloun bezuelt. D’Differenz zwëschent dem onqualifizéierten Mindestloun an der Léierindemnitéit kritt de Patron vum Staat rembourséiert. Dëse Remboursement kann all Mount beim Service Aides financières pour employeurs vun der ADEM ugefrot gi.

Zousätzlech huet e Patron deen een Apprenti adulte astellt och Urecht op déi selwecht finanziell Hëllefe wéi wann hien e Jonken engagéiert, esou dass een Apprenti aus dem Apprentissage adulte genau esou vill kascht wéi een Jonken.

Är Beruffskummer steet Iech fir all weider Froen zur Verfügung.

Kréien ech am Kader vu menger Ausbildungsaufgab eng Begleedung?

Ausbildungsberoder, oder Conseillers à l’apprentissage, maachen de Lien tëschent de Léierjongen a -meedercher, den Ausbildungsbetriber an de Lycéeën. Si sinn spezialiséiert an eenzelnen Formatiounen a gi reegelméisseg an d’Betriber, lauschtere souwuel de Léierjongen a -meedercher no, wéi och hire Patronen an Tuteuren. Esou hëllefen si, datt d’Ausbildung op der Aarbechtsplaz ouni Schwieregkeete verleeft. Dir kënnt si och ruffen wann et ee Problem gëtt oder wann et zu enger Opléisung vum Kontrakt kënnt.

Wou a wéini kann ech meng Ausbildungsplaze mellen?

Een Ausbildungsbetrib kann zu all Moment eng Ausbildungsplaz ausschreiwen beim Service Orientation professionelle vun der ADEM. Et gëtt geroden, oppe Plaze vum Mäerz un ze mellen, well déi nei Kontrakter ginn all Joer tëschent Juli an Oktober ofgeschloss. Fëllt einfach de Formulaire „Déclaration de postes d’apprentissage“ vun der ADEM-OP aus, a schéckt dësen per Email oder Post.

De Formulaire a weider Informatioune fannt Dir um Site vun der Adem an der Kategorie Employeurs, “Former des apprentis”.

Är Chambre professionelle steet Iech och fir all weider Froen zur Verfügung.

Wéi héich ass d’Léierindemnitéit?

De Montant vun der Léierindemnitéit hänkt vun der Formatioun of an dovun wéi wäit een Apprenti an senger Ausbildung ass. Bei engem Apprenti am CCP variéiert d’Indemnitéit jee dodeems a watfir engem Léierjoer hien ass, an bei engem Apprenti, deen en DAP oder DT mécht, hängt de Montant vun der Indemnitéit dovun of op hien säi Projet intégré intermédiaire scho gepackt huet, oder nach net. Dës Montanten sinn an engem Règlement grand-ducal fixéiert.

Dir kritt en Deel vun deenen Suen vum Staat erëm.

Falls dir een Apprenti hutt deen eng Erwuessenléier mécht kritt dësen automatesch den onqualifizéierte Mindestloun bezuelt. D’Differenz zwëschent dem onqualifizéierten Mindestloun an der Léierindemnitéit kritt de Patron vum Staat rembourséiert

Är Beruffskummer steet Iech fir all weider Froen zur Verfügung.

 

Deng Beruffsausbildung mat dengen Interesse kombinéieren?

Eis SHAPE YOUR FUTURE – Influencer weisen dir wéi!

Sie sehen gerade einen Platzhalterinhalt von YouTube. Um auf den eigentlichen Inhalt zuzugreifen, klicken Sie auf die Schaltfläche unten. Bitte beachten Sie, dass dabei Daten an Drittanbieter weitergegeben werden. Mehr Informationen