Prett fir ze managen?

Fir dech sti Kommunikatioun, Organisatioun a Service am Mëttelpunkt. Wann s du gär mat Leit schaffs a Verantwortung iwwerhuele wëlls, ass dat hei genee richteg fir dech.

junge asiatische köchin mit pfannenwender

Beruffslëscht

Organiséieren ass voll Dénges? Dës Beruffer warscheinlech och!

agent administratif et commercial/agente administrative et commerciale

agent/agente de voyages

technicien en commerce électronique

gestionnaire qualifié/e en logistique

hôtelier-restaurateur/hôtelière-restauratrice

magasinier/magasinière

restaurateur/restauratrice

technicien en tourisme et communication

SHAPE YOUR FUTURE!
Däin Dramjob war nach net dobäi?

Däin Dramjob war nach net dobäi?
Klick dech duerch eis Kategorien an informéier dech iwwert déi grouss Offer u Beruffsausbildungen, déi s Du zu Lëtzebuerg kanns maachen!

Opgepasst! Et ass wichteg dass Du dës Datumer an Zäitperioden am Bléck behäls!

Abrëll-Mee

Umeldung bei der ADEM-OP fir d’Schüler aus de Klasse vun der 5e

02/05–15/09

Areeche vun den Demanden fir eng Erwuessenenausbildung (spéitstens bis den 15. September, ausser fir den DAP Aide-soignant an den DAP Auxiliaire de vie ->31. Juli)

16/07–1/11

Period fir den Ofschloss vun de Léierkontrakter an den Ufank vun der Formatioun an der Entreprise formatrice

15/09

Ufank vum Schouljoer

November – 01/07

Ufro fir Hëllefen a Primen fir d’Beruffsausbildung ze fërderen

FAQs – Schüler:in

Du méchs, oder bass interesséiert un enger Beruffsausbildung?
Da klick dech duerch eis FAQ!
Firwat soll ee sech fir eng Beruffsausbildung entscheeden?

D’Beruffsausbildung bitt dir en direkten Zougang zum Beruffsliewen a ville verschiddene Secteuren. Et ginn iwwer 120 ënnerschiddlech Ausbildungen. Vun der 4e u preparéiers du dech konkreet op däi spéidere Beruff. Duerch eng Léier bei engem Patron oder Stagen an engem Betrib bass du matzen an der Beruffswelt.

Wéi gëss du wärend an no der Ausbildung bezuelt?
Als Léierjong oder -meedche mat engem Contrat d’apprentissage verdéngs du tëschent 500 Euro an dem soziale Mindestloun fir onqualifizéiert Aarbechter. Méi Informatiounen iwwer d’Léierindemnitéiten an iwwer d’Bäihëllefen an d’Primmen, fir d’Léier ze fërderen.

D’Stagen am Betrib ginn normalerweis net bezuelt.

Bei der Astellung hues du mat engem Certificat de capacité professionnelle (CCP) zwee Joer laang Usproch op de soziale Mindestloun fir onqualifizéiert Aarbechter, an duerno op de soziale Mindestloun fir qualifizéiert Aarbechter. Mat engem Diplôme d’aptitude professionnelle (DAP) oder engem Diplôme de technicien (DT) kanns du de qualifizéierte Mindestloun verdéngen (deen, Stand Abrëll 2025, bei 3.165,35 Euro brutto de Mount fir e Vollzäitkontrakt läit).

Wat passt bei mech: CCP, DAP, DT?

Däi Choix hänkt vun denge schoulesche Resultater a vun dengen Interessien of. Et ginn dräi Niveaue vun Diplomer:

  • De Certificat de capacité professionnelle (CCP) mécht dir eng éischt Dier op den Aarbechtsmaart op.
  • Den Diplôme d’aptitude professionnelle (DAP) gëtt dir Zougang zu Beruffer als qualifizéiert Aarbechtskraaft.
  • Den Diplôme de technicien (DT) preparéiert dech op Poste mat Verantwortung oder erméiglecht den Zougang zu engem techneschen Héichschoulstudium.
Am Vollzäit-, gemëschten oder duale System?

E groussen Deel vun den Ausbildungen ass am duale System (régime concomitant) organiséiert. Dat bedeit, datt s du en Deel vum Enseignement ënnert engem Contrat d’apprentissage bei engem Patron absolvéiers an deen aneren Deel an engem Lycée.

Bei den Ausbildungen, déi am gemëschte System (régime mixte) organiséiert sinn, gees du ee Joer laang Vollzäit an de Lycée an mëss de Rescht vun denger Ausbildung am duale System.

Beim Vollzäitsystem (régime à plein temps) méchs du deng Ausbildung am Lycée selwer, mat enger Rei vu Stagen (insgesamt op d’mannst 12 Wochen).

Wéi kënns du un däi Contrat d’apprentissage?

Du kanns dech bei der Cellule d’orientation et d’intégration scolaires vun dengem Lycée, beim Service d’orientation professionnelle vun der ADEM (ADEM-OP) oder enger lokaler Antenn fir Jugendlecher (ALJ) informéieren.

Du kanns och d’Patrone bei Evenementer ewéi dem Léierplazendag (Journée de l’apprentissage) begéinen, dee méindes, den 28. Abrëll op der YEP! Schoulfoire an der Luxexpo organiséiert gëtt (Info op www.schoulfoire.lu).

A schliisslech kanns du och dee vun dir erausgesichte Patron direkt kontaktéieren, fir mat him däi Contrat d’apprentissage ofzeschléissen.

Wéi gëss du evaluéiert?

All Ausbildung ass a Modüllen opgedeelt, déi eenzel evaluéiert ginn. All Modüll bezitt sech op e Grupp vu Kompetenzen, déi s du brauchs, fir däi spéidere Beruff ausüben ze kënnen. Um Enn vun denger Ausbildung realiséiers du e Projet intégré final (PIF), fir däin Diplom ze kréien.

Du hues méi ewéi 18 Joer, hues d’Schoul ofgebrach oder schaffs schonn? Et ass net ze spéit, fir eng Ausbildung unzefänken!

Eng Rei Ausbildunge sinn am Kader vun der Erwuessenebildung zougänglech. Et gi prezis Krittäre fir dësen Zougang, an eng Commission consultative fir d’Erwuessenebildung decidéiert iwwer d’Opnam an den Zougang vun de Kandidaten zum gewielte Beruff bzw. zu de gewielte Beruffer. Méi Infoe bei der ADEM-OP https://adem.public.lu/fr/orientation-professionnelle/apprentissage/apprentissage-adultes.html

Wéi eng Beruffsperspektive ginn et fir dech?
Mat a Certificat oder Diplom kriss du Zougang zum Diplom vum nächsten Niveau an där selwechter Spezialisatioun. Um Enn vum Diplôme de technicien ass och en Héichschoulstudium méiglech. An den handwierkleche Beruffer kanns du nom DAP en Meeschterkaart (Brevet de maîtrise) an d’A faassen, fir dech selbstänneg ze maachen a selwer Léierjongen a -meedercher auszebilden.
Wou fënns du Informatiounen?
D’Guichete sinn Méindes, Dënschdes, Mëttwochs a Freides vun 13h-17h Auer op. Donneschdes sinn d’Guichete just op RDV op.