Shape Your Future – Dat ass eng gemeinsam Campagne vum Service de la Formation professionnelle vum Ministère de l’Education nationale de l’Enfance et de la Jeunesse, der Chambre de Commerce, der Chambre des Métiers, der Chambre des Salariés an der Chambre d’Agriculture mam Zil d’Beruffsausbildung zu Lëtzebuerg ze promouvéieren a Jonker, Erwuessener, Elteren a Betriber iwwert d’Méiglechkeete vun der Beruffsausbildung zu Lëtzebuerg ze informéieren.
FAQs – Schüler:in
Da klick dech duerch eis FAQ!
Firwat soll ee sech fir eng Beruffsausbildung entscheeden?
D’Beruffsausbildung bitt dir en direkten Zougang zum Beruffsliewen a ville verschiddene Secteuren. Et ginn iwwer 120 ënnerschiddlech Ausbildungen. Vun der 4e u preparéiers du dech konkreet op däi spéidere Beruff. Duerch eng Léier bei engem Patron oder Stagen an engem Betrib bass du matzen an der Beruffswelt.
Wéi gëss du wärend an no der Ausbildung bezuelt?
D’Stagen am Betrib ginn normalerweis net bezuelt.
Bei der Astellung hues du mat engem Certificat de capacité professionnelle (CCP) zwee Joer laang Usproch op de soziale Mindestloun fir onqualifizéiert Aarbechter, an duerno op de soziale Mindestloun fir qualifizéiert Aarbechter. Mat engem Diplôme d’aptitude professionnelle (DAP) oder engem Diplôme de technicien (DT) kanns du de qualifizéierte Mindestloun verdéngen (deen, Stand Abrëll 2025, bei 3.165,35 Euro brutto de Mount fir e Vollzäitkontrakt läit).
Wat passt bei mech: CCP, DAP, DT?
Däi Choix hänkt vun denge schoulesche Resultater a vun dengen Interessien of. Et ginn dräi Niveaue vun Diplomer:
- De Certificat de capacité professionnelle (CCP) mécht dir eng éischt Dier op den Aarbechtsmaart op.
- Den Diplôme d’aptitude professionnelle (DAP) gëtt dir Zougang zu Beruffer als qualifizéiert Aarbechtskraaft.
- Den Diplôme de technicien (DT) preparéiert dech op Poste mat Verantwortung oder erméiglecht den Zougang zu engem techneschen Héichschoulstudium.
Am Vollzäit-, gemëschten oder duale System?
E groussen Deel vun den Ausbildungen ass am duale System (régime concomitant) organiséiert. Dat bedeit, datt s du en Deel vum Enseignement ënnert engem Contrat d’apprentissage bei engem Patron absolvéiers an deen aneren Deel an engem Lycée.
Bei den Ausbildungen, déi am gemëschte System (régime mixte) organiséiert sinn, gees du ee Joer laang Vollzäit an de Lycée an mëss de Rescht vun denger Ausbildung am duale System.
Beim Vollzäitsystem (régime à plein temps) méchs du deng Ausbildung am Lycée selwer, mat enger Rei vu Stagen (insgesamt op d’mannst 12 Wochen).
Wéi kënns du un däi Contrat d’apprentissage?
Du kanns dech bei der Cellule d’orientation et d’intégration scolaires vun dengem Lycée, beim Service d’orientation professionnelle vun der ADEM (ADEM-OP) oder enger lokaler Antenn fir Jugendlecher (ALJ) informéieren.
Du kanns och d’Patrone bei Evenementer ewéi dem Léierplazendag (Journée de l’apprentissage) begéinen, dee méindes, den 28. Abrëll op der YEP! Schoulfoire an der Luxexpo organiséiert gëtt (Info op www.schoulfoire.lu).
A schliisslech kanns du och dee vun dir erausgesichte Patron direkt kontaktéieren, fir mat him däi Contrat d’apprentissage ofzeschléissen.
Wéi gëss du evaluéiert?
All Ausbildung ass a Modüllen opgedeelt, déi eenzel evaluéiert ginn. All Modüll bezitt sech op e Grupp vu Kompetenzen, déi s du brauchs, fir däi spéidere Beruff ausüben ze kënnen. Um Enn vun denger Ausbildung realiséiers du e Projet intégré final (PIF), fir däin Diplom ze kréien.
Du hues méi ewéi 18 Joer, hues d’Schoul ofgebrach oder schaffs schonn? Et ass net ze spéit, fir eng Ausbildung unzefänken!
Eng Rei Ausbildunge sinn am Kader vun der Erwuessenebildung zougänglech. Et gi prezis Krittäre fir dësen Zougang, an eng Commission consultative fir d’Erwuessenebildung decidéiert iwwer d’Opnam an den Zougang vun de Kandidaten zum gewielte Beruff bzw. zu de gewielte Beruffer. Méi Infoe bei der ADEM-OP https://adem.public.lu/fr/orientation-professionnelle/apprentissage/apprentissage-adultes.html
Wéi eng Beruffsperspektive ginn et fir dech?
Wou fënns du Informatiounen?
FAQs – Elteren
Da klickt Iech duerch eis FAQ!
Wat versteet een ënnert der Beruffsausbildung?
Zu Lëtzebuerg ëmfaasst d’berufflech Ausbildung iwwer 120 verschidde Parcoursen, déi op d’Beruffsliewe virbereeden. Iwwer eng Léier oder Stagen an engem Betrib ass Äert Kand an direktem Kontakt mat der Beruffswelt.
Zu wéi engem Zäitpunkt ka mäi Kand de Wee vun enger Beruffsausbildung aschloen?
D’Ausbildunge fänken no der 5e vum Enseignement secondaire un. Orientéiert gëtt op der Basis vum Avis vum Conseil de classe, deen de schoulesche Resultater an den Interessie vun Ärem Kand Rechnung dréit.
Wéi eng Diplomer ka mäi Kand ustriewen?
D’Beruffsausbildung gëtt op dräi Niveauen organiséiert, déi zu de follgenden Diplomer féieren:
- Certificat de capacité professionnelle (CCP) – dauert zwee oder dräi Joer, Contrat d’apprentissage bei engem Patron an een oder zwee Deeg an der Woch am Lycée;
- Diplôme d’aptitude professionnelle (DAP) – dauert normalerweis dräi Joer, am Lycée an am Betrib, mat enger Léier oder Stagen;
- Diplôme de technicien (DT) – dauert normalerweis véier Joer, Vollzäit am Lycée mat Stagen am Betrib oder enger Léier.
Wou fënnt d’Beruffsausbildung statt?
An de Lycéeën an an den Ausbildungsbetriber zu Lëtzebuerg.
Sinn d’Ausbildunge gratis?
Jo. D’Beruffsausbildung ass en Deel vum ëffentlechen Enseignement, dee gratis ass.
Wéini a wéi kann ech mäi Kand fir eng Beruffsausbildung umellen?
Wann Äert Kand seng schoulesch Karriär an enger Klass vun der Beruffsausbildung Vollzäit am Lycée fortsetzt, schreift et sech ëm de 15. Juli am gewielte Lycée an.
Wann Äert Kand eng Formatioun am Kader vun engem Contrat d’apprentissage mécht, schreift et sech beim gewielte Lycée an och esou séier ewéi méiglech vun Abrëll u beim Service d’orientation professionnelle vun der ADEM (ADEM-OP) an. Duerno muss et en Ausbildungspatron fannen a mat him virum 31. Oktober vum lafende Schouljoer e Contrat d’apprentissage ofschléissen.
Wien organiséiert d’Beruffsausbildung?
Zu Lëtzebuerg gëtt d’berufflech Éischtausbildung vum Service de la formation professionnelle vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an Zesummenaarbecht mat der Chambre de l’agriculture, der Chambre de commerce, der Chambre des métiers an der Chambre des salariés organiséiert.
Wou fënnt een Informatiounen iwwer déi verschidde Formatiounen?
Eng Rei vun Internetsitten informéieren iwwer d’Formatiounsoffer: Mengschoul.lu, mäiberuff.lu, Chambre de commerce, Chambre des métiers, Chambre d’agriculture, Chambre des salariés, asw.
FAQs – Betriber
Da klickt Iech duerch eis FAQ!
Firwat Léierjongen a -meedercher ausbilden?
- e Bäitrag zu der Insertioun vun de jonke Generatiounen an d’Beruffswelt ze leeschten;
- de Fortbestand vun Ärem Aktivitéitssecteur sécherzestellen;
- der nationaler Wirtschaft eng qualifizéiert Main d’œuvre ze garantéieren;
- d’berufflecht Fachwëssen an den Knowhow vun Ärem Betrib weiderzeginn;
- en zukünftege qualifizéierte Mataarbechter op déi individuell Besoine vun Ärem Betrib virzebereeden;
- vun de finanziellen a steierleche Virdeeler am Kader vun der Ausbildung vun neie Mataarbechter ze profitéieren.
Wien huet d’Recht, Léierjongen a -meedercher auszebilden?
D’Ausbildungsrecht ass u Konditioune geknëppt, déi vum Handwierker oder Beruff, dat bzw. deen d’Kandidate léiere wëllen, ofhänken. Är Beruffschamber informéiert a begleet Iech bei Ären Demarchen. Schéckt hinnen Är Demande a gitt dobäi d’Handwierk oder de Beruff un, an deenen Dir Léierjongen oder -meedercher ausbilde wëllt:
- Chambre d’Agriculture – E-Mail: apprentissage@lwk.lu, Tel.: 31 38 76 1
- Chambre de Commerce – E-Mail: winwin@cc.lu, Tel.: 42 39 39 210
- Chambre des Métiers – E-Mail: apprentissage@cdm.lu, Tel.: 42 67 67 520
- Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend – E-Mail: info@sfp.lu, Tel.: 247 85 239
Wéi vill Zäit verbréngt de Léierjong/d’Léiermeedchen a mengem Betrib?
Wéi eng Aufgabe kann ech mengem Léierjong oder -meedche ginn?
Gëtt et eng finanziell Bäihëllef fir d’Ausbildungsbetriber?
Jo, Dir hutt Usproch op déi follgend staatlech Bäihëllefen:
- 100 % vun de Cotisatioune vum Patron fir all Léierjong oder -meedchen (Part patronale);
- 40 % vun der Léierindemnitéit am Fall vun enger CCP-Ausbildung;
- 27 % vun der Léierindemnitéit am Fall vun enger DAP- oder enger DT-Ausbildung.
De Remboursement fënnt eemol am Joer statt a muss réckwierkend tëschent November a Juni ugefrot ginn. Méi Informatiounen an de Formulaire fir auszefëlle fannt Dir um Internetsite vun der ADEM.
Kréien ech am Kader vu menger Ausbildungsaufgab Ënnerstëtzung?
Wou a wéini kann ech meng Ausbildungsplaze mellen?
En Ausbildungsbetrib kann zu all Ament eng Ausbildungsplaz mellen. Déi nei Kontrakter ginn all Joer tëschent Juli an Oktober ofgeschloss, deemno gëtt geroden, oppe Plaze vum Abrëll un ze mellen.
Léierplaze mussen obligatoresch iwwer de Formulaire vun der ADEM-OP „Déclaration de postes d’apprentissage“ gemellt ginn. Dëse Formulaire kann iwwer E-Mail oder per Post erageschéckt ginn.
Wéi héich ass d’Léierindemnitéit?
D’Léierindemnitéit ass gesetzlech gereegelt an hänkt vum Handwierk oder Beruff a vun der Qualifikatioun of. Dir kënnt Iech och bei Ärer Beruffskummer informéieren.