

Äert Kand ass op der Sich no enger Beruffsausbildung?
Am Idealfall eng, déi bei seng Talenter a säi Liewe passt?
Eng Beruffsausbildung heescht fréi Verantwortung ze iwwerhuelen, ee Beruff ze léieren an d’Zukunft an déi eegen Hand ze huelen – ganz nom Motto: Shape Your Future.
Op dëser Website fannt Dir all d’Informatiounen, déi Dir braucht, fir Äert Kand um Wee an eng Beruffsausbildung ze begleeden. an op Froen ze äntweren.
Wéi eng Beruffsausbildung passt am beschte bei Äert Kand?
Maacht mat him eise SHAPE YOUR FUTURE – Test!


SHAPE YOUR FUTURE!
Wéi eng Beruffsausbildung passt am beschte bei Äert Kand?
Klickt Iech duerch eis Kategorien an informéiert Iech iwwert déi grouss Offer u Beruffsausbildungen déi een zu Lëtzebuerg maache kann!
FAQs – Elteren
Da klickt Iech duerch eis FAQ!
Wat versteet een ënnert der Beruffsausbildung?
Zu Lëtzebuerg ëmfaasst d’berufflech Ausbildung iwwer 120 verschidde Parcoursen, déi op d’Beruffsliewe virbereeden. Iwwer eng Léier oder Stagen an engem Betrib ass Äert Kand an direktem Kontakt mat der Beruffswelt.
Zu wéi engem Zäitpunkt ka mäi Kand de Wee vun enger Beruffsausbildung aschloen?
D’Ausbildunge fänken no der 5e vum Enseignement secondaire un. Orientéiert gëtt op der Basis vum Avis vum Conseil de classe, deen de schoulesche Resultater an den Interessie vun Ärem Kand Rechnung dréit.
Wéi eng Diplomer ka mäi Kand ustriewen?
D’Beruffsausbildung gëtt op dräi Niveauen organiséiert, déi zu de follgenden Diplomer féieren:
- Certificat de capacité professionnelle (CCP) – dauert zwee oder dräi Joer, Contrat d’apprentissage bei engem Patron an een oder zwee Deeg an der Woch am Lycée;
- Diplôme d’aptitude professionnelle (DAP) – dauert normalerweis dräi Joer, am Lycée an am Betrib, mat enger Léier oder Stagen;
- Diplôme de technicien (DT) – dauert normalerweis véier Joer, Vollzäit am Lycée mat Stagen am Betrib oder enger Léier.
Wou fënnt d’Beruffsausbildung statt?
An de Lycéeën an an den Ausbildungsbetriber zu Lëtzebuerg.
Sinn d’Ausbildunge gratis?
Jo. D’Beruffsausbildung ass en Deel vum ëffentlechen Enseignement, dee gratis ass.
Wéini a wéi kann ech mäi Kand fir eng Beruffsausbildung umellen?
Wann Äert Kand seng schoulesch Karriär an enger Klass vun der Beruffsausbildung Vollzäit am Lycée fortsetzt, schreift et sech ëm de 15. Juli am gewielte Lycée an.
Wann Äert Kand eng Formatioun am Kader vun engem Contrat d’apprentissage mécht, schreift et sech beim gewielte Lycée an och esou séier ewéi méiglech vun Abrëll u beim Service d’orientation professionnelle vun der ADEM (ADEM-OP) an. Duerno muss et en Ausbildungspatron fannen a mat him virum 31. Oktober vum lafende Schouljoer e Contrat d’apprentissage ofschléissen.
Wien organiséiert d’Beruffsausbildung?
Zu Lëtzebuerg gëtt d’berufflech Éischtausbildung vum Service de la formation professionnelle vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend an Zesummenaarbecht mat der Chambre de l’agriculture, der Chambre de commerce, der Chambre des métiers an der Chambre des salariés organiséiert.
Wou fënnt een Informatiounen iwwer déi verschidde Formatiounen?
Eng Rei vun Internetsitten informéieren iwwer d’Formatiounsoffer: Mengschoul.lu, mäiberuff.lu, Chambre de commerce, Chambre des métiers, Chambre d’agriculture, Chambre des salariés, asw.
Deng Beruffsausbildung mat dengen Interesse kombinéieren?
Eis SHAPE YOUR FUTURE – Influencer weisen dir wéi!
Sie sehen gerade einen Platzhalterinhalt von YouTube. Um auf den eigentlichen Inhalt zuzugreifen, klicken Sie auf die Schaltfläche unten. Bitte beachten Sie, dass dabei Daten an Drittanbieter weitergegeben werden. Mehr Informationen