1re DAP – 1 Joer, 1 Beruff
D’1re DAP ass eng Formatioun fir d’Titulairë vun engem Diplôme de fin d’études secondaires classiques oder générales, engem Diplôme de technicien oder engem gläichwäertegen Ofschloss, déi sech op eng intensiv Aart a Weis eng zousätzlech berufflech Qualifikatioun uneegne wëllen. An nëmmen engem Joer kanns du e konkreete Beruff léieren an dono ausüben, an deem handwierklecht Geschéck geneesou wichteg ass ewéi Prezisioun, technescht Wëssen an den Ëmgang mat Clienten.
Den DAP ass en Diplom, deen den Astig an d’Beruffsliewen erméiglecht a vill Entwécklungsméiglechkeete bitt. Dono kanns du dech zum Beispill an enger Techniker-Ausbildung weider spezialiséieren oder engem techneschen Héichschoulstudium am selwechte Fachberäich nogoen. Wann s du dech fir en Handwierksberuff entscheets, kanns du e Meeschterbréif ustriewen.
Mat zwee Diplomer erhéichs du deng Chancen, deen Job ze fannen, deen am beschte bei dech passt!
Weider Informatiouns fënns du um Site vum Ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse.
Weider Informatiounen an Preinscription
Wanns du un enger 1re-DAP-Formatioun interesséiert bass oder weider Informatioune brauchs, kanns du de Service de la formation professionnelle per E-Mail oder Telefon kontaktéieren:
(+352) 247-85239
premiere-dap@sfp.lu
Du kanns online iwwert dëse Formular eng Preinscriptioun maachen.
